Wéi vill Leit déi eng Demande fir e Klima-Prêt a Taux 0 agereecht hunn, kruten dëse refuséiert well d’Gesetz en Cours de Route ofgeschaaft ginn ass ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister an un Madamm Ëmweltminister weider ze leeden.

Eng vun de staatlech Bäihëllefe fir erneierbar Energien & energeetesch Sanéierunge war de sougenannte Klimaprêt zu engem Taux zéro. Fir dëse Klimaprêt ze kréien huet een als éischt misse mat engen Energieberoder ee Moossnamekatalog opstellen an Offeren anhuelen déi vum Guichet Unique vun de Wunnengsbaubäihellefen hu misse bewëllegt gi bevir ee bei enger konventionéierter Bank de Klimaprêt zu engem Taux zéro zougesot krut.

Laut mengen Informatioune ginn et Leit, déi vun der Verwaltung een accord de principe op hirem Dossier kruten, am Endeffekt de Klimaprêt zu engem Taux zéro awer refuséiert krute well an der Tëschenzäit wou den Dossier an der Prozedur war déi betreffend legal Dispositiounen abrogéiert gi sinn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Regierung stellen

  • Huet Regierung Kenntnis vun dëse Fäll?
  • Wéi vill Léit si betraff a kruten iwwert dëse Wee de Klimaprêt zu engem Taux zéro refuséiert
  • Wei gedenkt Regierung dëse Léit elo ze hëllefen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck