Wéi vill Kilo Bio-Mëllech goufen an deenen eenzele Jore produzéiert ? Wéi vill Kilo konventionell Mëllech waren dat ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Am Bioaktiounsplang vun der Lëtzebuerger Regierung solle bis 2050 sämtlech landwirtschaftlech Ubauflächen biologesch bewirtschaft ginn. Bis 2025 sinn 20% vun der Fläch virgesinn. Dëst Joer louch den Taux bei grad emol 5,18%.

Am Lëtzebuerger Bauer vum 17. Dezember 2021 gouf d’Situatioun vun engem Mëllechbauer beschriwwen, deen op Bio ëmgestallt hat, mëttlerweil awer nees op de konventionelle Betrib zréck komm ass. Seng Entscheedung fousst, sengen Aussoen no, um Ëmstand, dass e kee fonnt huet, dee seng Bio-Mëllech als solches ofgeholl huet an och bezuelt hätt (opgrond vu feelende Kapazitéiten respektiv vum Net-Hierstellen vu Bio-Produkter duerch den « Abnehmer »).

Ech wéilt duerfir folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen :

  • Wéi huet d’Produktioun vu Mëllech, déi lescht 5 Joren evoluéiert ?
  • Wéi vill Kilo Bio-Mëllech goufen an deenen eenzele Jore produzéiert ? Wéi vill Kilo konventionell Mëllech waren dat ?
  • A wéi engem Verhältnis steet deemno d’Produktioun vu Bio-Mëllech par rapport zur Produktioun vu konventioneller Mëllech iwwer déi lescht Jore gekuckt ?
  • Wéi huet de Präis vun der Bio-Mëllech an deen vun der konventioneller Mëllech, déi leschte 5 Joren evoluéiert ?

Mat déifstem Respekt,

Martine Hansen

Zréck