Wéi vill Kanner a Jugendlecher waren an de leschten zwou Wochen an der Quarantän oder am Isolement ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

D’Omikron-Well rullt duerch Lëtzebuerg. Och d’Schoule sinn ëmmer méi staark betraff. Laut dem Wocherapport vun der Santé – deen iwwregens déi eenzeg Quell fir Informatiounen iwwer d’Situatioun bei de Kanner a Jugendlechen ass – gouf et an der leschter Woch 7417 positiv Covid-19-Fäll an de Schoulen, déi sech folgendermoosse verdeelen : 4487 am Enseignement fondamental, 2920 am Enseignement secondaire an 10 an den Kompetenzzentren.

Am Kontext vun dëser Entwécklung wéilt ech folgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen :

  • Wéi vill Kanner a Jugendlecher waren an de leschten zwou Wochen an der Quarantän oder am Isolement ?
  • Wéi verdeelen sech des Fäll vu Quarantän respektiv Isolement op Enseignement fondamental, Enseignement secondaire a Beruffsausbildung ?
  • Wéi vill Enseignante sinn an deem Zäitraum direkt oder indirekt duerch d’Pandemie ausgefall – opgedeelt no Enseignement fondamental, Enseignement secondaire a Beruffsausbildung ? Wéi vill Unterrechtsstonne si jeeweils duerch Corona ausgefall ?
  • Wéi vill Kanner waren an deem Zäitraum opgrond vun hirer eegener Vulnerabilitéit, oder well si eng vulnerabel Persoun an hirem familiären Ëmfeld hunn, am Homeschooling ?
  • Ganz allgemeng, wéi eng zousätzlech Moossname gedenkt den Här Educatiounsminister opgrond vun der Entwécklung vun de Covid-19-Fäll bei de Kanner a Jugendlechen en Place ze setzen, fir d’Verbreedung vum Virus ofzebremsen ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck