Wéi vill Jugendlecher lafe vun doheem oder aus engem Foyer fort ? Wat sinn d’Grënn dofir ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Ëmmer nees kënnt et vir, dass Jugendlecher z.B. vun doheem oder aus engem Foyer fortlafen. Eng sougenannte „Fugue“ ass ëmmer och Ausdrock vun engem Malaise, vun enger Onzefriddenheet. Fir déi betraffe Jugendlech ass d’Flucht deemno dacks eng Zort Léisung fir hir Problemer, oder et ass en Hëllefruff, fir op sech opmierksam ze maachen.

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten :

  • Huet de Ministère detailléiert Statistiken zu de Jugendlechen, déi eng Fugue gemaach hunn?
    • Wa jo, kann den Här Minister eis driwwer informéieren:
      • wéi vill Jugendlecher zënter 2013 pro Joer eng Fugue gemaach hunn;
      • wéi al dës Leit sinn;
      • wat hir Grënn dofir waren;
      • wat hinne wärend hirer Fugue widderfuer ass;
      • wéi, wou a vu wiem si no hirer Fugue begleet gi sinn.
    • Wann net, kann den Här Minister eis erklären, firwat keng Statistik iwwer dës Problematik gefouert gëtt an ob geplangt ass, dat an Zukunft ze maachen?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Paul Galles                            Max Hengel

Deputéierten              Deputéierten

Zréck