Wéi vill gratis Schnelltester fir selwer ze maache kréien d’Leit zur Verfügung gestallt a wou sollen d’Leit an Zukunft dës Schnelltester maachen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Premierminister an un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Den 1. Abrëll huet de Premierminister d’Chamber opgefuerdert eng CSV-Motioun zu enger Strategie vun de Schnelltester als Deel vun der Sortie aus de Covid-Restriktiounen net unzehuele well se superfétatoire wier „…well mir scho méi wäit si wéi d’Oppositioun dat freet.“

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wéi vill gratis Schnelltester fir selwer ze maache stellt d’Regierung de Leit zur Verfügung?
  2. Wou sollen d’Leit an Zukunft dës Schnelltester maachen? Si mobil Testequippe virgesinn?
  3. Wéi ginn d’Resultater vun dësen Tester erfaasst?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Zréck