Wéi vill Gemengen hunn een Avis zu der Reorganisatioun vum RGTR-Reseau un de Ministère weider ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Reorganisatioun vum RGTR-Reseau un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Am Kader vun der Reorganisatioun vum RGTR-Reseau ass den 9. Mee 2021 déi 4 Phase vum neien Horaire a Kraaft getrueden. D’Ännerung vum Reseau ass a méi Phasen opgedeelt an et gi kontinuéierlech Upassunge gemaach. Am Virfeld vun dësen Upassungen déi a méi Phasen opgedeelt si konnte Gemengen hiren Avis ofgi fir eventuell Upassunge virzehuelen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen.

  • Wéi vill Gemengen hunn een Avis zu der Reorganisatioun vum RGTR-Reseau un de Ministère weider ginn ?
  • Wéi vill Upassungen a Verbesserungsvirschléi hunn Gemengen agereecht ?
  • Wéi vill Virschléi si schlussendlech zeréckbehale ginn ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Diane Adehm

Députéiert

Zréck