Wéi vill Fäll vun Cybermobbing goufen an deene leschten Joren bei der Police gemellt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet, ewéi un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Kommunikatiouns- a Medieminister weider ze leeden.

 

Cybermobbing definéiert sech duerch Formen vun Diffaméierung, Beleidegung, Belästegung, Bedrängen a Bloussstellen vu Persounen unhand vun elektroneschen Kommunikatiounsmedien am Internet, déi sech iwwert e längeren Zäitraum erstrecken.

Laut engem Artikel an der Welt am Sonntag vum 1. August 2021, géif eng Studie weisen datt d’Zuelen vun Cybermobbing an Däitschland zolitt zou huelen. Am meeschten wieren Jonker, esou wéi Fraen an Erwuessener tëschent 55 an 65 Joer betraff. 25 % vun den jugendlechen Opfer an 12 % vun den erwuessenen Victimmen wieren suicidaire.

Laut dem Bundesjugendministerium wier bis ewell all fënnefte Jugendlechen vun Cybermobbing betraff gewiecht. Säit 2017 wier d’Zuel vun de Betraffenen em 36 % geklommen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Gëtt et zu Lëtzebuerg och eng Studie déi analyséiert wéi vill Persounen schonns Opfer vu Cybermobbing waren resp. sinn ?
  • Wa jo, wat sinn d’Resultater ?

Em wéi vill Prozent ass d’ Zuel vun de Victimmen an den leschten Joren an d’Luucht gaangen ?

Wéi eng Persounen waren am meeschten betraff ? Wéi vill dovun sinn suicidaire ? Wéi vill vun hinnen kruten psychologesch Hëllef ?

  • Wéi vill Fäll vun Cybermobbing goufen an deene leschten Joren bei der Police gemellt ?
  • Wëssend datt zemools déi jonk Generatiounen vill Zäit am Internet verbréngen, wéi eng Konklusioun konnt d’Regierung bis elo aus dem pedagogeschen Material an och Ratgeber vir d’Elteren vun BeeSecure zéien ? Huet d’Regierung weider Aktioune geplangt vir dem Cybermobbing entgéint ze wierken ?

 

Här President, ech bieden Iech main déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

 

Zréck