Wéi vill Demanden goufen vum Ëmweltministère opgrond vun ze héijem Kaméidi bei de Wärmepompelen an de leschten Joren ofgewisen?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Wärmepompelen un d’Ëmweltministesch weider ze leeden.

An Zukunft wäerten d’Wärmepompelen d’Referenz beim Heizen vun de Gebaier sinn. Den Ausbau vun Wärmepompelen, sief et Loft-Waasser oder geothermescher Natur, ass essentiell fir d’Energietransitioun ze meeschteren an ons Klimaziler ze erreechen. Den eenzegen Nodeel vun esou Pompelen ass, dass se nawell e bëssen Kaméidi maachen, v. a. beim Usaugen vun der Aussenloft. Op d’parlamentaresch Fro N°3600 hat d’Ëmweltministesch deemools op verschidden groussherzoglech Reglementer verwisen (zB le reglement grand-ducal du 6 fevrier 2007 concernant les prescriptions minimales de securite et de sante relatives a l’exposition des travailleurs aux risques dus aux agents physiques).

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:

  • Sinn di aktuell groussherzoglech Reglementer kompatibel mat dem geplangten massiven Ausbau vun de Wärmepompelen, virun allem am Bestand?
  • Wann nee, wéi gedenkt een di Reglementer unzepassen?
  • Wéi vill Demanden goufen vum Ëmweltministère opgrond vun ze héijem Kaméidi bei de Wärmepompelen an de leschten Joren ofgewisen?
  • Vue dass d’Problematik virun allem bei der Installatioun vun de Wärmepompelen a bestoende Gebaier besteet, wéi gedenkt een dëser Problematik entgéint ze wierken?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck