Wéi verhält sech Lëtzebuerg beim Votte zu enger weiderer Verlängerung vu Koffer op 7 Joer an Ubetruecht vun der Bewäertung vun héije Risiken op Mënsch an Ëmwelt duerch d’EFSA?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 89

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert de Koffer als Planzeschutzmëttel un den Här Landwirtschaftsminister an un Madamm Minister fir Ëmwelt weider ze leeden.

D’Zouloossung vu Koffer als Planzeschutzmëttel leeft op europäeschem Niveau den 31. Januar 2019 aus.

Kofferhalteg Produkter ginn haaptsächlech am biologeschen Ubau agesat, well fir de Moment, wann iwwerhaapt, nëmme wéineg Alternativen zu synthetesche Planzeschutzmëttel am Beräich Pilzbekämpfung um Maart sinn.

Déi europäesch Liewensmëttelsécherheetsagence EFSA, huet an hirer Risikoanalyse fir kofferhalteg Produkter am Kader vun der Zouloossung vu Koffer en héije Risiko fir Vullen a Mamendéieren, fir aquatësch Organismen a fir Makroorganismen am Buedem festgestallt.

An der landwirtschaftlecher Fachpress war rezent ze liesen, dat an der Verbandsgemeng Rhein-Selz bei Ënnersichungen op laangjäreg bewirtschafte Biowéngerten d’Biedem duerch andauernde Kofferasaz zur Pilzbekämpfung därmoosse verseucht sinn, dat den erodéierte Buedem um Fouss vun de Wéngerten net méi dierft zeréckgefouert, ma entsuergt misst ginn

Den Asaz vu Koffer op landwirtschaftleche Biedem ass deemno aus Siicht vun der EFSA punkto Afloss op Mënsch an Ëmwelt als héich riskant agestuuft an anerersäits hunn Terrainsënnersichungen am spezielle bei biologescher Wirtschaftsweis zu Kontaminatioune vum Buedem gefouert.

D’Direction Générale Santé vun der europäescher Kommissioun huet de Memberstaten eng Verlängerung vu 7 Joer proposéiert.

 

An dësem Kontext wollt ech dem Här Landwirtschaftsminister an der Madamm Minister fir Ëmwelt folgend Froe stellen.

 

  • Wéi verhält sech Lëtzebuerg beim Votte zu enger weiderer Verlängerung vu Koffer op 7 Joer an Ubetruecht vun der Bewäertung vun héije Risiken op Mënsch an Ëmwelt duerch d’EFSA?

 

  • Am Fall vun enger weiderer Zouloossung an Europa denkt d’Regierung doriwwer no fir den Asaz landeswäit ze verbidden?

 

  • Wa jo, ginn et aktuell Alternativen zu kofferhaltege Mëttelen a wei eng Planzeschutzmëttel am Beräich Pilzbekämpfung wieren dann nach an der biologescher Landwirtschaft erlaabt?

 

  • Gëtt respektiv goufen et zu Lëtzebuerg schonn Ënnersichungen op Parzelle wou heefeg kofferhalteg Mëttel agesat goufen? Wa jo, wat si Resultater?

 

  • Wéi ass den Asaz vu Koffer am Kader vum zukünftege Buedemschutzgesetz ze gesinn?

 

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Députéiert

 

Zréck