Wéi steet et ëm d’Recht op Informatioun iwwer medizinesch Agrëffer / Tester, respektiv dem gläichberechtegen Zougang dozou? Wéi ass et z.B. mat den PCR-Tester, deen a Behënnertestrukturen am Kontext vum Large Scale Testing duerchgefouert gouf? Kruten déi Concernéiert d’Resultater direkt matgedeelt an zwar ënnert enger Form, déi hinnen och zougänglech ass?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Familljeminister weiderzeleeden.

 

Dës Pandemie-Zäit ass keng einfach Zäit fir kee Mënsch. Besonnesch schwéier trëfft d’Pandemie awer vulnerabel, eeler a behënnert Leit.

 

Wann am Ufank vun der Kris alles huet misse séier goen, misst et haut méiglech sinn déi Concernéiert an d‘Entscheedungsprozesser ronderëm d’Gestioun vun der Kris mat anzebannen.

 

Eise Informatiounen no ass dat awer net vollëmfänglech de Fall.

 

Duerfir wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Minister stellen :

 

  • Wéi oft goufen déi Concernéiert an d’Decisiounen ronderëm d’Gestion vun der Corona-Kris agebonnen? Ënnert wéi enger Form huet dëst „Abannen“ stattfonnt? Wäerten déi Betraffen an Zukunft (méi) consultéiert ginn?

 

  • Wéi steet et mat der Ëmsetzung vum Recht op perséinlech Assistenz (assistance personnelle)?

 

  • Wou ass d’Ëmsetzung vum Aktiounsplang vun Ufank 2020 drun? Wéi eng konkret Moossnamen goufen zanter Ufank 2020 schonn ergraff?

 

  • Wéi steet et ëm d’Recht op Informatioun iwwer medizinesch Agrëffer / Tester, respektiv dem gläichberechtegen Zougang dozou? Wéi ass et z.B. mat den PCR-Tester, deen a Behënnertestrukturen am Kontext vum Large Scale Testing duerchgefouert gouf? Kruten déi Concernéiert d’Resultater direkt matgedeelt an zwar ënnert enger Form, déi hinnen och zougänglech ass? (z.B. iwwer de VoiceOver oder aner Screenreaderen)?

Mat déifstem Respekt,

Paul Galles
Deputéierten

Zréck