Wéi sollen d’Schnelltester fir selwer ze maachen an Zukunft an de Strukture fir eeler a vulnerabel Leit agesat ginn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Premierminister an un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Den 1. Abrëll huet de Premierminister d’Chamber opgefuerdert eng CSV-Motioun zu enger Strategie vun de Schnelltester als Deel vun der Sortie aus de Covid-Restriktiounen net unzehuele well se superfétatoire wier „…well mir scho méi wäit si wéi d’Oppositioun dat freet.“

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi sollen d’Schnelltester fir selwer ze maachen an Zukunft an de Strukture fir eeler a vulnerabel Leit agesat ginn?
  • Wéi vill vun dësen Tester stellt d’Regierung de Strukturen zur Verfügung?
  • Kann all Externen deen an dës Strukture kënnt,sief dat Besuch, Coiffer, Kiné etc., esou ee Schnelltest selwer maache fir d’Sécherheet vun den Awunner ze garantéieren?
  • Deelt d’Regierung d’Meenung datt et sënnvoll wier datt dat gesamt Personal (op fest agestallt oder vun engem Prestataire de services) zweemol an der Woch selwer e Schnelltest mécht?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

Zréck