Wéi sinn d’Ausschreiwungsprozeduren beim CGDIS ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP 1463

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Inneministesch weider ze leeden.

Rezent war beim Corps Grand-Ducal d‘incendie et de secours (CGDIS) e Posten fir ee Médecin anesthésiste réanimateur beim Samu ausgeschriwwen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

Wéi sinn d’Ausschreiwungsprozedure bei esou Posten?
Kréien déi Leit, déi hier Kandidatur ageschéckt hunn, en accusé de Réception? Ginn si, wann hier Kandidatur net zeréck behale gëtt, kontaktéiert an informéiert?
Wéi kann eng Persoun, der hier Kandidatur net zeréck behale ginn ass, e Recours géint d’Nominatioun vun enger anerer Persoun aleede, wann dës Decisioun hier net matgedeelt ginn ass ? Kann een hei vun engem effektive Recours schwätzen?
Wéi ginn dës Nominatiounen an aneren ëffentlechen Ariichtunge behandelt? Wéi gesinn sou Prozeduren aus? Ginn et Differenzen? Wann jo, wéi eng?
Ginn d’Nominatioune vun esou Poste verëffentlecht? Wa jo, wou? Wann nee, firwat net?
Wär et fir d’Ministesch net, aus Grënn vun der Transparenz, noutwenneg sou Nominatiounen ëffentlech zougänglech ze maachen?
Wëllt d’Regierung an deem Kontext an Zukunft fir méi Transparenz suergen? Wa jo, wéi?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Viviane Reding

Deputéiert

Zréck