Wei setzt sech de Waasserstoff fir déi Tankstell zu Beetebuerg zesummen a punkto gréngen a groen Waasserstoff?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu Waasserstofftankstellen a Waasserstoffprojet’enan der Mobilitéit  un den Här Minister fir Mobilitéit, weider ze leeden.

Laut onsen Informatioune soll am September eng Waasserstofftankstell zu Beetebuerg um Multimodal, opgoen, sou wéi dat an der Vergaangenheet schonn op der Aire de Berchem an zu Bartreng geplangt war.

Aktuell ass Lëtzebuerg dat eenzegt Land an eiser Regioun, wat aktuell nach keng Waasserstofftankstell huet. Sou sinn zum Beispill an Däitschland 91 ëffentlech Tankstelle fir de Waasserstoffauto a Betrib, dovunner 9 och fir sou Bus’en a LKW’en. An der Schwäiz solle bis 2023 iwwer 1000 Brennstoffzellen-LKW’en fueren, dat parallel mat enger optimiséierter Tankstelleninfrastruktur. Besonnesch awer ons direkt Nopeschregioun d’Saarland huet ambitiéis Ziler: sou well sech d’Bundesland laangfristeg duerch d’Abannung un den europäeschen Hydrogen Backbone als Zentrum vum europäeschem Waasserstoffnetz etabléieren.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wei setzt sech de Waasserstoff fir déi Tankstell zu Beetebuerg zesummen a punkto gréngen a groen Waasserstoff?
  2. Si weider Tankstellen an Zukunft geplangt a gëtt dru geduecht d’Autobunnstankstellen zu Lëtzebuerg och mat Waasserstofftankstellen z’equipéieren?
  3. Ass et virgesinn, esou wéi am Saarland, d’Leit méi opzeklären iwwert de Waasserstoff a seng Notzungsméiglechkeeten ? Gedenkt de Minister an dësem Kontext och méi enk mam Saarland zesummenzeschaffen an Erfarungen auszetauschen?
  4. Gesäit de Minister fir sech un der Schwäiz ze orientéieren an och hei eng optimiséiert Tankstelleninfrastruktur fir LKW’en mat enger Brennstoffzell ze fërderen?
  5. Ass an der Task Force vun der Waasserstoffstrategie och e Groupe de Travail fir d’Mobilitéit virgesinn?

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Felix Eischen                                                        Paul Galles

Deputéierten                                                       Deputéierten

Zréck