Wéi kennen Verkéiersreglementer vun de Gemengen méi séier vum Inneminister approuvéiert ginn?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP399

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Verkéiersreglementer un Madamm Inneminister weiderzeginn.

D’Gemengen erloossen verschidden Verkéiersreglementer woubäi déi definitiv Verkéiersreglementer vum  Inneminister mussen guttgeheescht ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Madamm Inneminister riichten.

1)     Wat sinn an der Reegel Délaien fir esou Reglementer vum Inneminister approuvéiert ze kréien ?

2)     Wier et net ubruecht dës administrativ Démarchen z’iwwerschaffen an d’Prozeduren ze vereinfachen an ze verkierzen ?

3)      Wier et net ubruecht den zoustännege Service am Inneministère personnell opzestocken ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck