Wei ka kuerzfristeg der Kaméidisproblematik op der B7 entgéintgewierkt ginn? Sinn am Moment néi Lärmschutzmoossnamen an der Planung?

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt: QP 3930

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Ëmgeeungsstrooss vun der B7 un den Här Nohaltegkeetsminister weiderzeginn.

Duerch de villen Trafic, virun allem a Spëtzenzäite, kennt et ëmmer erëm zu Zéifloss respektiv Stau op dem Ettelbrécker Contournement. Virun allem d’Awunner vu Schieren déi op der Héicht vun der Ëmgeeungsbréck vun der B7 wunne sinn ëmmer méi vum Autoskaméidi betraff well eisen Informatiounen no keng respektiv keng richteg Lärmschutzmoossname bestinn. Mam geplangten Ausbau vun der B7 ass net domadder ze rechnen dass de Verkéier an den domadder verbonnene Kaméidi wäerten erofgoen.

An deem Kader, wollte mir dem Här Nohaltegkeetsminister dës Froe stellen:

 

  • Wei ka kuerzfristeg der Kaméidisproblematik op der B7 entgéintgewierkt ginn?
  • Sinn am Moment néi Lärmschutzmoossnamen an der Planung? Wa jo, wei eng? Wa neen, firwat ?
  • Wéini kann de véierspuregen Ausbau vun der B7 definitiv an Ugrëff an ëmgesat ginn ?
  • Wéi eng Lärmschutzmoossname sinn am Kader vum Ausbau vun der B7 virgesinn, virun allem op der Héicht vu Schieren?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                           Marco Schank

Députéiert

Zréck