Wéi huet d’Zuel vun de Fräiwëllege sech ee Joer nom Akraafttriede vum CGDIS entwéckelt ?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et am Artikel 83 virgesäit, bieden mir Iech, folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Innenministesch weider ze leeden.

Déi Fräiwëlleg am Déngscht vum Corps grand-ducal d’incendie et de secours (CGDIS) sinn d’Réckgrat vum Lëtzebuerger Rettungswiesen. Ouni dës Leit kéinten vill Centres d’incendie et de secours am Land net funktionnéieren.

An dësem Kontext géife mir gären folgend Froën un d’Madamm Innenministesch stellen :

·         Wéi huet sech d’Unzuël vun de Fräiwëllege een Joer nom Akraafttriede vum CGDIS entwéckelt ?

·         Wéivill nei Fräiwëlleger goufen zënter dëser Zaït an de verschiddenen Zentre rekrutéiert ?

·         A wéiengen Zentre sinn zënter dem 1. Juli 2018 manner respektiv méi Leit aktiv ?

·         Ginn et am Land regional Ënnerscheeder um Niveau vun de groussen (CIS Kategorie III & IV) respektiv klengen (CIS Kategorie I & II) Asazzentren wat d’Unzuël vun de Fräiwëllege betrëfft ? Wéi hunn d’Zuëlen u Fräiwëllegen an deenen jeweilegen Zentren geännert ?

Här President, mir bieden Iech eist déifste Respekt unzehuelen,

 

Martine Hansen                                                                     Marco Schank

Deputéiert

Zréck