Wéi héich ass den duerchschnëttleche jäerleche Pachtpräis pro Lous?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro iwwert un d’Madamm Minister fir Ëmwelt, Klimaschutz a nohalteg Entwécklung weiderzeleeden.

Dat groussherzoglecht Reglement vum 8 November 2019 huet d’Grenzen vun 621 neien Juegdlousen zu Lëtzebuerg definéiert. Date limite fir di lescht Steeën wor den 31. Januar 2021. An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Madamm Minister stellen:

  • Wéi héich ass den duerchschnëttleche jäerleche Pachtpräis pro Lous?

 

  • Wéi héich ass den duerchschnëttleche jäerleche Pachtpräis pro ha?

 

  • Wéi héich ass den duerchschnëttleche jäerleche Pachtpräis pro Lous an de verschiddenen Arrondissementer (Nord, Centre-Est, Centre-Ouest, Est a Sud)?

 

  • Wéi héich ass den duerchschnëttleche jäerleche Pachtpräis pro ha an de verschiddenen Arrondissementer (Nord, Centre-Est, Centre-Ouest, Est a Sud)?

 

  • Wat sinn d’Differenzen am Duerchschnëttspachtpräis pro Lous pro Arrondissement (Nord, Centre-Est, Centre-Ouest, Est a Sud) par rapport zu 2012?

 

  • Wat sinn d’Differenzen am Duerchschnëttspachtpräis pro ha pro Arrondissement (Nord, Centre-Est, Centre-Ouest, Est a Sud) par rapport zu 2012?

 

  • Hunn di 621 Lousen iwwerall e kompletten Syndikat?

 

  • Wéivill Louse goufen nët versteet? Wéivill ha sinn dat?

 

  • Wéivill Lousen huet de Staat gesteet? Wéivill ha sinn dat? Zu wéi engem Gesamtpräis?

 

  • Wéivill Lousen hunn d‘Gemengen gesteet? Wéivill ha sinn dat? Zu wéi engem Gesamtpräis?

 

 

  • Wei vill Leit hunn sech als “Opposants éthiques” gemellt a wéi grouss ass d’Gesamtfläch an ha?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck