Wéi héich ass de Budget, deen d’Agence eSanté vun hirer Grënnung un allouéiert kritt huet – am Total an opgeschlësselt no Joer ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weiderzeginn.

Läscht Woch  huet d’AMMD staark  Virwërf un d’Adress vun der Agence eSanté formuléiert. Dobäi ass souguer och vun Dysfonctionnementer rieds gaangen.

An dësem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir sozial Sécherheet stellen :

  1. Wéi héich ass de Budget, deen d’Agence eSanté vun hirer Grënnung un allouéiert kritt huet – am Total an opgeschlësselt no Joer ?
  2. Wéi eng extern Entreprise kruten an kréien ëffentlech Suen – vun der Grënnung vun der Agence eSanté un a Stand haut ?
  3. Wéi héich ass de Betrag, deen am Ganze fir extern Entreprisen an deem Beräich ausgi gouf ?
  4. Wéi vill Soumissions publiques goufen eragereecht säit der Grënnung vun der Agence eSanté?
  5. Wéi vill Sue goufen engagéiert, ouni dass eng Soumission publique opgemaach ginn ass ?
  6. Huet den Här Minister Kenntnis vun enger – privater oder professioneller – Relatioun vum Direkter vun der Agence eSanté mat enger Firma aus deem Beräich éier hien seng Funktiounen opgeholl huet an dës Firma ugefaangen huet, fir d’Agence eSanté ze schaffen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar

Deputéierten

Zréck