Wei ginn Gemengen un de Recetten duerch “Avertissements taxés” bedeelegt?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP 398

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert d’Ausstelle vun « avertissements taxés » un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un den Här Finanzminister ze riichten,

Vill Gemengen hei am Land stellen iwwert hiere Service vun den Agents municipaux op Grond vum Falschparken « avertissements taxés » aus. An der Reegel ass et esou datt d’Gemenge vun der Police déi sougenannten « Papillon » fir d’« avertissements taxés » auszestellen zoukomme gelooss kritt hunn, well dës « avertissements taxés » och am Numm vun der Police ausgestallt ginn a well d’Recette vun dësen « avertissements taxés » och an d’Staatskees ginn. Eenzeg Ausnam ass hei den « avertissements taxés » deen an enger Zone « parking payant » ausgestallt gëtt.

Et si vill Gemengen op den digitale Wee gaangen, woubäi de « Papillon » als solchen entfält well den Ticket iwwert déi nei Apparater ausgestallt gëtt. Nieft der moderner Apparatur, déi à charge vun de Gemengen ass, mussen d’Gemenge och nach déi integral Materialkäschte bezuelen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un den Här Finanzminister riichten.

  • Kéint Regierung sech virstellen datt een Deel vun dëse Materialkäschte vum Staat iwwerholl gëtt ?
  • Wei vill « avertissements taxés » ginn am ganze Land iwwert Gemengeservicer vun den Agents municipaux ausgestallt ?
  • Wat sinn hei Gesamtrecetten a welche Betrag gëtt dovun un d’Gemengen ausbezuelt ?
  • Kéint Regierung sech virstellen, datt d’Gemengen zu engem gewëssen Deel un de Gesamtrecetten, beim Ausstelle vun « avertissements taxés » iwwert Gemengeservicer, kéinte bedeelegt ginn ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck