Wéi gëtt sécher gestallt, dass all Mënsch am Land vum Zukunftsreseau 5G profitéiere kann ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link : QP 238

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro betreffend de 5G-Reseau un den Här Minister fir Digitaliséierung weiderzeginn.

Wirtschaft ass scho laang net méi den eenzege Beräich deen duerch Digitaliséierung ännert. Si huet mëttlerweil och e groussen Afloss op eis Aart a Weis wei mir liewen. An dësem Kontext mussen och déi digital Infrastrukture permanent un déi nei Erausfuerderungen ugepasst ginn. Sou gëllt déi kommend Mobilfunkgeneratioun 5G, déi zum Beispill autonoomt Fueren erlaabt, als Schlëssel vun enger erfollegräicher Digitaliséierung. De 5G-Standard kann awer nëmmen zouverlässeg funktionéiere, wann hier Antennen un e performant Glasfasernetz ugeschloss sinn. De flächendeckende Netzausbau hin zum 5G gëllt deemno als gréissten Erausfuerderung fir dass all Mënsch, ob am urbanen oder ländleche Raum a Zukunft vun der Digitaliséierung ka profitéieren.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Digitaliséierung riichten:

 

  • Sinn déi bestoend Mobilfunkanlagen all un de Glasfaser ugeschloss ?

 

  • Wei gëtt séchergestallt, dass all Mënsch am Land, egal wou e wunnt, wäert vum Zukunftsreseau 5G kenne profitéieren? Wei vill nei Sendemaste mussen dofir installéiert ginn ?

 

  • Wei gesi Geneemegungsprozedure fir dës nei Sendemasten aus ?

 

  • Ass virgesinn de plan directeur sectoriel «stations de base pour réseaux publics de communications mobiles» ze iwwerschaffen, deen duerch de règlement grand-ducal vum 25. Januar 2006 a Kraaft ass ?

 

  • Wei gesäit den Zäitplang fir den Ausbau vum 5G hei am Land aus a wei héich ass de viraussiichtleche Käschtepunkt ?

 

  • Op verschiddene Plazen am Land ginn et bis haut Problemer mam 3G/4G-Reseau. Wéini ginn des Problemer behuewen ?

 

  • Wéi vill Kilometer Glasfaser si bis dato am Land verluecht ginn ? Wéi vill Prozent vun de Stéit hunn mëttlerweil Zougang zum Glasfaser ? Wou ginn et nach Problemer a firwat ? Wei ass den Zäitplang fir eng landeswäit Ofdeckung ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck