Wéi gëtt bei der extremer Hëtzt kontrolléiert, dass Notzdéieren genuch Waasser a Schied hunn ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP 951

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech, des parlamentaresch Fro iwwert Repercussioune vun der grousser Hetzt op Déierewelt un den Här Landwirtschaftsminister an un Madamm Ëmweltminister weider ze leeden.

Mat der grousser Hëtzt hunn fir de Moment net nëmme Mënschen ze kämpfen, och Déiere leiden ënnert dësen extreme Wiederkonditiounen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen dem Här Landwirtschaftsminister an der Madamm Ëmweltminister stellen:

Kontrolléiert d’Inspection Vétérinaire am Fall vun enger Canicule op Notzdéiere vun hiren Halter genuch Waasser souwuel wat Qualitéit a Quantitéit betrefft zur Verfügung gestallt kréien ?
Wei vill Kontrolle ginn am Fall vun enger Canicule pro Dag vun der Inspection vétérinaire duerchgefouert ?
Vill Déieren op der Weed sti bei dësen extreme Wiederbedingungen dacks an der praller Sonn an hunn kenn Ënnerstand wou se sech virun der Sonn kenne schützen.

Déiereschutzgesetz aus dem Joer 2018 huet de Schutz vun Déier verstäerkt. Ausserdeem gesäit den Artikel 3 vum groussherzogleche Reglement vum 5. Dezember 2018 iwwert  « conditions de détention des animaux» fir dass : « Les animaux détenus à ciel ouvert et exposés à des circonstances météorologiques extrêmes et défavorables au bien-être et à la santé de l’espèce animale concernée pendant une période prolongée doivent disposer d’un abri naturel ou artificiel, assurant une protection suffisante contre ces circonstances météorologiques extrêmes, notamment le soleil lors de chaleurs caniculaires, les précipitations intenses et les vents forts par temps de grand froid.

L’abri artificiel doit être facilement accessible et sa dimension doit permettre aux animaux de se tenir debout et de se coucher normalement. Il doit être construit de façon à éviter tout risque de blessure et être équipé et pourvu d’un espace suffisant de façon à ce que les animaux puissent y exprimer les comportements propres à l’espèce. »

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen dem Här Landwirtschaftsminister an der Madamm Ëmweltminister stellen:

·         Wa keng natierlech Ënnerstänn wei Hecken oder Beem op enger Weed ze fanne sinn ënnert wei enge Konditioune kann dann ee kënschtlechen Ënnerstand opgeriicht respektiv gebaut ginn?

·         Wei eng Autorisatioune brauch ee fir ee kënschtlechen Ënnerstand opzeriichten a wei muss dësen Ënnerstand konzipéiert sinn?

·         Wei eng Verwaltung ass den Uspriechpartner wann een e kënschtlechen Ënnerstand fir seng Béischte well opriichten?

·         Wessend dass zb eng Canicule ëmmer ganz kuerzfristeg optrëtt, wei laang dauert et bis een eng Autorisatioun vun den zoustännege Verwaltunge kritt?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Françoise Hetto

Deputéiert

 

Zréck