Wéi gëtt den Studenten vun der Université de Luxembourg gehollef, déi duerch den “Etat de Crise” a Schwiiregkeete sinn ?

Här President,

sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës dréngend parlamentaresch Fro iwert d’ UNI Lëtzebuerg un den Här Edukatiounsminister weiderzeleeden.

 

Am Gesetz vum 27.Juni 2018 iwwert d’ «organisation de l’Université de Luxembourg» beschreift den Artikel 36 (3) d’Modalitéiten vun der Evaluatioun vun de Studiejoren. Wee manner wéi 50% vun den ECTS-Kreditter erreecht, dierf sech nach eng Kéier an datselwecht Joer aschreiwen, ween iwwert 50% erreecht, dierf sech an dat next Joer aschreiwen, mee tëscht 50 a 70% muss des Inscriptioun duerch den «directeur de programme» validéiert ginn.

Wéi Art. 36(2) 1° an Art. 36(9) et virgesinn, kann deen, deen am éischte Joer manner wéi 50% erreecht, sech net méi fir dat neit Joer aschreiwen, mee gëtt definitiv excluéiert a misst d’Universitéit wiesselen, falls dee Betraffenen deeselwechte Studium weidermaache wéilt.

Et ass wichteg ze verhënneren, dass Studéiernder vun der Uni Lëtzebuerg, déi a Schwiiregkeete sinn an duerch den «état de crise» zousätzlech benodeelegt sinn, fir de Couren ze follegen (z.B. duerch schlecht Internetverbindungen), manner wéi 50% erreechen an dowéinst aus hirem Studiegang ausgeschloss ginn.

 

Op Grond vun desen Informatiounen wëll ech folgend Froen dem Här Edukatiounsminister stellen:

  1. Kann den Här Minister des Informatiounen bestätegen?
  2. D’Universitéitsgesetz gesäit keng Ausnamen, geschweige denn een «état de crise», vir, dee vun de Bestëmmungen derogéieren géif. Wéi eng Moyene gesäit de Minister fir, fir der Uni ze hëllefen des Ausnamen ze geréieren?
  1. An der Pressekonferenz iwwert d’Mesuren vum Edukatiounsministär am Zesummenhang mam «état de crise» huet den Här Minister gesot, dass déi am Artikel 36 (1) vum Universitéitsgesetz viséiert Reegelung, dass all Student-In sech maximal 4mol der Evaluatioun vun engem Cours stellen dierf, fir dat aktuellt Semester ausgesat ass. Een Examen, deen net gepackt gëtt, gëtt net als ee vun deenen 4 gezielt.
  • Gouf des Informatioun schon saitends vun der UNI ratifizeiert an un d’ Studenten weidergi duerch eng offiziell Kommunikatioun vu säiten vun der Universitéit?
  1. Et ass vu säite vun de Studéiernden drop higewise ginn, dass vill vun hinnen a prekäre Verhältnesser liewen an op d’Suen ugewisen sinn, déi se entweder iwwert CEDIES-Boursen an/oder duerch sougenannten Studentenjobs verdéngen, fir sech de Studium ze finanzéieren.
  • Gesäit den Här Minister finanziell Hëllefe fir concernéiert Studenten vir?

 

 

Mat déiwem Respekt,

 

 

Paul Galles

Deputéierten

 

Zréck