Wéi gesinn di aktuell Äerdgasreserven aus?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Gasreserven an den Energiepräisser un den Här Energieminister weider ze leeden.

An deene leschte Wochen a Méint komm et ëmmer rëm zu Problemer a Verzögerunge bei de Liwwerunge vu Gas aus Russland, och wann Gazprom hir aktuell Liwwerungsobligatiounen anhält. Sou goufen zum Beispill iwwert de Summer ons Gasreserven net esou opgefëllt wéi dat an deene leschte Joren de Fall war. Dëst huet souwuel technesch (zum Beispill Problemer a russeschen Äerdgasfërderungsanlagen), wéi och wirtschaftlech awer virun allem geopolitesch (etwa den Ukrainekonflikt oder Nordstream 2) Ursaachen. Och wann et haut net dono ausgesäit, dass ons de Gas géif ausgoen, sou besteet awer eng gewëssen Onsécherheet op di zukünfteg Gasliwwerunge wäerte kënnen agehale ginn, sollt et zum Beispill zu enger Zouspëtzen am Ukrainekonflikt kommen.

Fir eventuell Enkpäss an der Energieversuergung ze vermeiden hat sech Lëtzebuerg kierzlech op EU-Niveau, zesumme mat Frankräich a Spuenien, dofir agesat dass d’EU-Länner kënnen zesumme Gas akafen a strategesch Reserven uleeë fir esou och de Präisschwankungen entgéint ze wierken.

Wat Präisdeierecht bei der Energie ugeet, sou sinn dovunner och d’elektresch Bornë betraff fir d’E-Autoen opzelueden. D’Fournisseure mussen hir Tariffer upassen, soudass de Stroum bei de Chargy-Bornen ab dem éischte Januar wäert tëschent 31-34 Cent/kwh  kaschten. An Zukunft muss een domadder rechnen dass di Präisser och net méi wäerte falen, mee eventuell souguer nach weider klammen. Dës Hausse vun de Präisser bei den ëffentleche Bornen ass awer net fërderlech fir den Ausbau vun der Elektromobilitéit.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Wéi gesinn di aktuell Äerdgasreserven aus? Koum et rezent schonn zu Aschränkunge bei de Liwwerungen? Wann jo, wéi oft an a wéi engem Ausmooss?
  • Wéi well sech d’Lëtzebuerger Regierung an Zukunft opstelle fir strategesch Reserven un Äerdgas unzeleeën? Mat wéi enge Länner well Lëtzebuerg sech hei zesummen doen an zum Beispill Gas akafen?
  • Wéi reagéiert d‘Regierung op di méi héich Präisser bei den ëffentleche Bornen? Gesäit de Minister net d’Gefor, dass doduerch d’Strategie fir d’Ëmsetze vun der Elektromobilitéit zumindest kuerzfristeg a Gefor ass?

 

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

Paul Galles

Marc Lies

 

 

Zréck