Wéi gesäit et mam Bambestand zu Lëtzebuerg aus ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum Bambestand un d’Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung weider ze leeden.

Dee rezente Rapport vum Weltklimarot a vum World Wildlife Fund huet gewisen, dass d’Beem onbedéngt musse geschützt ginn. Ausserdeem weist d’Wëssenschaft no, dass dat effikasste Géigemëttel, fir de CO2 ze bannen, d’Aufforstung ass. Leider kann een op vill Platzen op der Welt, an och hei am Land, oft de Géigendeel gesinn an et schéngen ëmmer manner Beem ze ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un d’Madamm Ministesch stellen:

Gëtt et een nationale Kadaster vun alle Beem zu Lëtzebuerg? Wann net, ass esou ee Kadaster geplangt? Wann jo, no wat fir enge Kritären ass en opgebaut?
De Klimawandel stellt eise Bambestand ënnert Drock. Gëtt et eng Etüd zur Fro, wat fir eng Beem besonnesch resistent sinn géintiwwer dem Klimawandel a wat fir eng net?
Ginn et Zorte vu Beem, déi zu Lëtzebuerg heemesch sinn, déi dem Klimawandel besonnesch ausgeliwwert sinn an där hire Bestand misst besonnesch geschützt ginn?
Net all Bam kann iwwerall geplanzt ginn. Huet d’Regierung Informatiounen derzou, wat fir eng Beem sech besonnesch eegnen, fir am urbane Raum ugeplanzt ze ginn?
Gëtt et een nationalen Aufforstungsplang? Wa jo, wat fir eng Zorte Beem si fir wat eng Géigende virgesinn? Wat fir Beem passen an den urbane Raum, wat fir eng an de ländleche Raum?
Ginn et nei Zorte vu Beem, déi am Moment net zu Lëtzebuerg heemesch sinn, déi awer an der duerch de Klimawandel verännerter Situatioun besonnesch gëeegent wären, fir zu Lëtzebuerg ugeplanzt ze ginn?
Wa jo: gëtt et Bestriewungen, fir des Beem op Lëtzebuerg ze kréien, wéi gesinn des Bestriewungen aus, a wéi wäit sinn se schonn?
Wéi gesäit an dësem Kontext d’Zesummenaarbecht tëschent de Gemengen an de staatleche Verwaltungen aus? Ginn d’Gemengen incitéiert, op dësem Gebitt ze hëllefen? Wann jo, wéi?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck