Wéi gesäit d’Zukunft vum Post-Büro vun Ëlwen aus?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wirtschaftsminister weider ze leeden.

Wéinst der COVID-19-Pandemie sinn d’Ëffnungszäite vu villen Post-Verkafsstelle reduzéiert respektiv sinn Büro’en temporär zougemaach ginn. Sou och de Post-Büro zu Ëlwen dee bis haut nach ëmmer zou ass. Laut mengen Informatiounen ass nach keen Datum fir eng Reouverture vun dësem Post-Büro bekannt.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Wirtschaftsminister stellen:

·         Kann den Här Minister mir des Informatioun bestätegen ?

 

·         Geet de Post-Büro zu Ëlwen an noer Zukunft erëm op oder ass eng aner Decisioune fir dee Büro geholl ginn a wa jo wéi eng Decisioun wier dat ?

Här President, ech biede lech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Ali Kaes

Deputéierten

Zréck