Wéi gesäit déi genau Strategie vum Minister fir Energie a punkto Wandrieder aus?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 735

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Wandrieder un den Här Minister fir Energie weider ze leeden.

An engem Interview am Tageblatt vum 27. Mäerz 2019 huet de Minister Claude Turmes gemengt, et missten iwwerall do Wandrieder opgestallt ginn, wou et technesch méiglech wär. Enger anerer Ausso vum selwechte Minister an engem rezenten Zeitungsartikel no soll et awer net ze vill Wandrieder ginn, dofir awer méi grousser.

Et kënnt awer ëmmer erëm zu Tëschefäll, bei deenen d’Déierewelt vun de Wandrieder a Matleedschaft gezu gëtt. Sou hu missen den 23. Mee d’Anlagen am Wandpark Weiler ausgeschalt ginn, well hei ee Roudmilan vun enger Wandmille déidlech verletzt ginn ass.

Laut eisen Informatioune si virun allem déi méi grouss Wandrieder, sou wéi den Här Turmes se fuerdert, besonnesch geféierlech fir d’Déierewelt. Natur&Emwelt fuerdert als Konsequenz dovu fir dës Anlage wärend der Brutzäit vun dëse Vigel ofzeschalten vu Mëtt Mäerz bis Mëtt August.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Minister stellen:

  • Wéi gesäit déi genau Strategie vum Minister a punkto Wandrieder aus?
  • Gëtt et ee Plang mat de Géigende, wou an Zukunft solle / kënne Wandrieder opgestallt ginn?
    • Wann nee, firwat existéiert sou ee Plang net? Ass geplangt ee Wandkadaster ënner Berécksiichtegung vun der usässeger Fauna opzestellen?
    • Wa jo, wéi vill Wandrieder kéinten a Lëtzebuerg nach potenziell opgestallt ginn?
  • Ënner wéi enge konkrete Konditiounen gi sou Wandmillen geneemegt, wa sech Vigel, wéi z.B. de Roudmilan do ophalen? Wéi eng Ausgläichmossname sinn a sou Fäll virgesinn? Opgrond vu wéi enge wëssenschaftlechen Erkenntnisser sinn dës Moossname festgehale ginn?
  • Wéi gesäit et mat der Wirtschaftlechkeet vu sou Wandmillen aus, wa sou wéi Natur&Emwelt et fuerdert, dës Anlagen vu Mëtt Mäerz bis Mëtt August ofgeschalt misste ginn?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Gilles Roth

Deputéierten

 

Zréck