Wéi gesäit de Promotiounssytem an den agreéierten Europaschoulen aus?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Zënter 2016 huet d’Regierung sechs sougenannten ëffentlech international Schoulen am Land opgemaach, déi nom System vun den agreéierten Europaschoule fonctionéieren. De Promotiounssystem schéngt eisen Informatiounen no net direkt mat deem vun den aneren ëffentleche Schoule vergläichbar ze sinn.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • Wéi gesäit de Promotiounssytem an den agreéierten Europaschoulen aus?
    • um Niveau vun der Grondschoul
    • um Niveau vum Secondaire
  • Um Internetsite vun den „Ecoles Européennes“ (https://www.eursc.eu/fr/European-Schools/European-Baccalaureate) gëtt beschriwwen, datt d’Evaluatioun vum Cycle vum Baccalauréat européen souwuel „formative“ (note A) wéi och „sommative“ (note B) ass.
    • Wéi gëtt de „formativen“ Deel konkret bewäert?
    • Wéi vill mécht en aus vun der gesamter Nott?
  • Um selwechte Site steet, datt d’„Note de réussite globale“ 50 vun 100 ass, an datt dës sech zesummesetzt aus 50% vun der „Note préliminaire“ (note A a B) a 35% vun de schrëftlechen Epreuven (5 Fächer) a 15% vun de mëndlechen Epreuven.
    • Gëtt fir d’Réussite d’Moyenne vun allen Notte gekuckt a wann dës Moyenne iwwer 50 vun 100 läit, ass de Baccalauréat gepackt, oder ginn déi eenzel Fächer gekuckt an an deene muss d’Nott jeeweils iwwer 50 vun 100 sinn?
  • An der Broschür „Le manuel du baccalauréat européen – Edition BAC 2023“ gëtt beschriwwen, datt a verschiddene Schoulen op der Cinquième Tester organiséiert ginn, fir déi berufflech a schoulesch Kompetenzen ze moossen.
    • Stinn dës Tester och den aneren ëffentleche Schoulen zu Lëtzebuerg zur Verfügung?
    • Wéi eng Tester sinn dat genau?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck