Wéi géif déi nei Variant vum Hesper Contournement augesinn, wat géif et kaschten a wat wäer den Zäitplang ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de Contournement Alzeng/Hesper un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute weiderzeginn.

 

Am Kader vum Contournement Alzeng/Hesper gëtt eng néi Variant analyséiert. An der Äntwert op parlamentaresch Fro No 1075 vum 19. August 2019 präziséiert den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Bauten datt no villen Etüden iwwert déi lescht Joer a Bezuch op de « Contournement Hesperange/Alzingen » nach eng zousätzlech Etüd iwwert d’Faisabilitéit vun engem Tunnel géif gemaach ginn.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister riichten.

 

·         Soll dës Etüd just iwwert d’Längt vum Natura 2000 Gebitt gemaach ginn oder soll op der ganzer Längt aus dem Fuertwée / Réiserbann bis op den Howald an ZAC analyséiert gi fir dësen Tunnel ze bauen?

 

·         Wat wier den approximative Käschtënennerscheed tëscht engem Tunnel an enger iwwerierdescher Variant?

 

·         Wéi vill Zäit huelen dës Etüden an Usproch?

 

·         Wéini kéint een definitive Projet an der Chamber deposéiert ginn ?

 

·         Ab wann kéint  dës Variant mam Tunnel gebaut ginn a wie laang géif de Bau daueren?

 

De Käerjenger Contournement féiert och duerch een Natura 2000 Gebitt.

·         Wat ass den Ennerscheed tëscht dem Natura 2000 Gebitt zu Käerjeng an deem zu Hesper?

 

Virun der Summervakanz huet de Minister kommunizéiert datt e Passage fir Foussgänger längs vum CR231 (Cactus Houwald – Auchan/Ban de Gasperich) bis Enn vum Joer ëmgesat wier. Et ass eng extrem geféierlech Situatioun fir de Foussgänger. Lo an den däischtere Méint vum Joer gëtt dës Situatioun nach méi geféierlech.

 

·         Kann den Här Minister matdeele bis wéini datt dëse Passage/Passerelle fir d’Foussgänger a Vëlosfuerer fäerdeggestallt ass?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

 

 

Zréck