Wéi eng Projet’en fir Wandmille goufen um Ëmweltministère an de leschten 10 Joer agereecht?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Wandmillen un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

 

Den Ëmweltminister hat an der Séance publique n°47 op meng parlamentaresch Fro n°5979 a mëndlecher Form geäntwert. Leider ass de Minister nëmmen deelweis op di eenzel Froen agaangen a konnt net en Detail op di eenzel Froen agoen, wat och seng zäitlech Grënn hat. Dofir wollt ech de Minister bieden nach eemol en Detail op di verschidde Froen ze äntweren.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:

  • Wéi eng Projet’en fir Wandmille goufen um Ëmweltministère an de leschten 10 Joer agereecht?
  • Kann d’Ministesch eenzel oplëschte wou di Projet’en jeeweils dru sinn?
    • Wéini sinn se an d‘Prozedur gaangen, jeeweils opgelëscht no Kommodo an Naturschutzgeneemegung?
    • Wéini ass eng definitiv Decisioun fir de Bau am Ëmweltministère geholl ginn?
    • Wéi vill a wei eng Projet‘en si geneemegt ginn?
    • Wéi vill a wei eng Projet‘en si refuséiert ginn?
    • Wat ware d’Grënn vun engem Refus?
  • Wéi eng Projet’en sinn de Moment nach an der Prozedur?
    • Wéini sinn se agereecht ginn?
    • Wou ass di Geneemegungsprozedur drun?
  • Wéi laang dauert eng Geneemegungsprozedur am Duerchschnëtt (vun der initialer Planung bis zur fäerdeger Wandmillen di Energie produzéiert)?
    • Wéi oft koum et zu Verzögerungen opgrond vu Kloe vun Intressevertrieder oder Biergerinitiativen?
    • Ass ee gewëllt di Geneemegungsprozeduren ze vereinfachen an ze entbürokratiséiere?
      • Wann jo, wéi wëll een dat erreechen?
      • Wann nee, wat sinn d’Grënn?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten

Zréck