Wéi eng privat Immobilie-Projete géifen a Fro komme fir vum Staat opkaaft ze ginn a konnte schonn Eenegunge fonnt ginn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Wunnengsbauminister weider ze leeden.

Situatioun um lëtzebuerger Immobiliëmarché bleift ugespaant. Dat zielt net nëmme fir d‘Leit op der Sich no enger abordabeler Wunneng mä och fir Promoteuren. D’Commande-Bicher gi méi eidel an Zuel vun de Baugeneemegunge geet erof. Derbäi kommen héich Energie- a Materialkäschten.

Fir ze verhënneren, datt Promoteuren op hire Projete sëtze bleiwen an Aarbechter an de Chômage faalen huet de Wunnengsbauminister ugekënnegt, dass de Staat gewellt wier privat Immobiliëprojeten opzekafen. An deem Sënn géifen aktuell Diskussioune mat verschiddene Promoteure lafen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Wunnengsbauminister stellen

Wéi eng Projete géifen a Fro komme fir vum Staat opkaaft ze ginn?

Wéi wäit sinn d’Verhandlunge mat de Promoteuren a konnte schonns Eenegunge fonnt ginn?

Wa jo, wat sinn d‘Konditioune vun esou enger Eenegung a Bezuch op de Präis pro m2 (Surface Construite Brute -SCB)?

Den Här Minister war bis haut net favorabel fir mat der Privatwirtschaft a Bezug op d‘Promotioun vu Bauprojeten zesumme schaffen.

Opgrond vun der ugespaante Situatioun um Immobiliëmarché, ass de Minister elo bereet de privaten Investisseur beim Bau vun abordabele Wunnengen anzebannen?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Lies
Deputéierten

Zréck