Wéi eng Moossname plangt den Här Minister ze huelen, fir dass de Fluchhafe Findel dem Passagéieropkommes aus dem In- an Ausland an der Grousser Vakanz ka gerecht ginn ?

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden.

An engem rezente Presseartikel geet vun enger Iwwerlaaschtung vum Terminal A vum Fluchhafen virun Ouschtere rieds. Passagéier hätte sech iwwer laang Schlaange virum Check-in, weider Waardezäite bei de Sécherheetskontrollen an deelweis och eng onkloer Beschëlderung beklot, wat de Flux nach weider negativ beaflosst hätt.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit stellen :

  • Huet den Här Minister Kenntnis vun der beschriwwener Situatioun ?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn fir déi deelweis schwéierfälleg Offäerdegung vun de Passagéier an der Ouschtervakanz ?
  • Wéi eng Moossname plangt den Här Minister ze huelen, fir dass de Fluchhafe Findel dem Passagéieropkommes aus dem In- an Ausland an der Grousser Vakanz ka gerecht ginn ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Serge Wilmes

Deputéierten

Zréck