Wéi eng Méiglechkeete vu Logementer ginn vulnerable Sans-abris’en zur Verfügung gestallt fir sech an der aktueller Situatioun virum Virus kënnen ze schützen?

Här Prësident,

 

Sou wéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës dréngend parlamentaresch Fro un déi Dammen Gesondheetsministesch a Familjeministesch weiderzeleeden.

De Message vun der Regierung, datt eler a besonnech gesondheetlech vulnérabel Leit trotz dem Déconfinement sou gutt wéi meiglech doheem sollte bleiwen, ass a bleift nach ëmmer aktuell. Et ginn awer Leit, déi keen Doheem hunn an op der Strooss liewen. Eisen Informatiounen no logéiert e Grupp vu schwéier vulnérabelen, well chronesch kranke Sans-abris’en am Alter tëscht 60 a 67 Joer de Moment an engem Hotel um Findel, fir den eventuellen Ustiechungsgeforen z’entgoen, déi kéinten an der Wanteraktioun oder an den „nights shelters“ laueren. Si hu keng couverture sociale a staamen aus Rumänien a Polen. Si ginn am Hotel vun enger Associatioun bénévol betreit, déi och d’Käschten fir den Openthalt dréit. Déi Leit mussen awer elo geschwënn (et gëtt geschwat vum Méindeg, 15.Juni) do eraus an zereck op d‘ Strooss, wou si enger Ustiechung mam Covid-19 Virus besonnech ausgesaat sin.

An desem Kontext wëll ech folgend Froen stellen:

  • Kënnen déi Dammen Gesondheetsministesch a Familjeministesch eis dës Informatiounen bestätegen?
  • Wann jo, hunn déi Dammen Gesondheetsministesch a Familjeministesch Zuelen, wéivill obdachlos vulnérabel Persounen hei zu Letzebuerg op der Strooss liewen?
  • Wéi eng Méiglechkeete vu Logementer ginn dëse Mënschen zur Verfügung gestallt fir sech an der aktueller Situatioun virum Virus kënnen ze schützen?
  • A virun allem: gesinn déi Dammen Gesondheetsministesch a Familjeministesch eng Méiglechkeet, wéi d’Regierung dëse besonnesch vulnérablen obdachlose Mënschen elo séier ab dem 15.Juni kann hëllefen? Kann dës Hëllef entweder an engem Logement bestoen, dat zur Verfügung gestallt gëtt, oder am Iwwerhuele vun de Käschten vum weideren Verbleiwen an deem besoten Hotel?

 

 

Mat déiwem Respekt,

Paul Galles

Deputéiert

Zréck