Wéi eng Kontrollmechanismen ginn et resp. wéi eng Prozeduren ginn et fir Abusen mat gefälschten negativen PCR-Tester ze vermeiden?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister an un den Här Minister fir den ëffentlechen Déngscht weider ze leeden.

D’lescht Woch war an der Presse ze liesen datt en net geimpfte Mataarbechter an enger leedender Positioun bei der Santé en anere Mataarbechter gefrot hätt him e gefälschten negativen PCR-Test ze zertifiéieren. Déi aner Persoun hätt dëst refuséiert an den Direkter vun der Santé heiriwwer informéiert. De Santésdirekter hätt déi concernéiert Persoun suspendéiert an de Parquet ageschalt. Eng Spriecherin vun der Santé hätt des Informatiounen confirméiert ouni awer op déi konkret Reprochen anzegoen.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

Vu que datt laut der Presse dëse Fall just duerch Zoufall opgedeckt gouf, wéi eng Kontrollmechanismen ginn et resp. wéi eng Prozeduren ginn et fir Abusen ze vermeiden?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                Jean-Marie Halsdorf

Deputéiert                                         Deputéierten

 

Zréck