Wéi eng Konsequenzen huet den Départ vum Commissaire du gouvernement à l’Energie an anere Mataarbechter aus dem Ministère ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäitbieden ech lech, des parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Energie weider ze leeden.

 

Ugangs August ass Noriicht komm, dass de Commissaire du gouvernement à l’Energie, dee Generaldirektioun vun der Energie am Wirtschaftsministère gefouert huet, de Ministère verlooss huet. Och aner Mataarbechter hätten den Departement vun der Energie verlooss. An enger ëffentlecher Stellungnam huet den Här Minister den Depart vum Commissaire du gouvernement als « net tragesch » bezeechent.

 

An dësem Kontext géif ech gären dem Här Minister fir Energie folgend Froe stellen:

 

• Kann den Här Minister soen aus wei enge Grënn de Commissaire du gouvernement à l’Energie an aner Mataarbechter de Ministère verlooss hunn an op nach aner Depart’en musse gefaart ginn?
• Wei en Impakt huet den Depart vum Commissaire du gouvernement à l’Energie op d‘Gestioun vun der Energiepolitik zu Lëtzebuerg an op déi deeglech Erausfuerderunge vum Ministère och am Fall z.b vun engem nationalem Energie-Noutstand?
• Wei ass dem Här Minister seng Bewäertung « net tragesch» ze interpretéieren?
• Ass den Här Minister net der Meenung, dass hie mat souenger Bewäertung d‘Arbecht an de Wäert vun der selwechter déi an de leschten Jore gemaach gouf komplett a Fro stellt?
• Kann de Minister soe wéi d’Nofolleg gereegelt gëtt respektiv gereegelt ass, wessend wéi schwéier et ass um Aarbechtsmaart Leit mat de Kompetenze vum fréiere Commissaire du gouvernement à l’Energie ze fannen?
• Weiwäit ass de Rifkin Prozess a senger Ëmsetzung respektiv ass dëse Prozess nach en vigueur ?
• Wie gedenkt de Minister Zieler z’erreechen déi hien am nationale Klima- a Energieplang presentéiert huet.
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respektunzehuelen.

 

 

 

 

 

Félix Eischen

Deputéierten

 

 

Zréck