Wei ass Positioun vun der lëtzebuerger Regierung op Decisioun vun eisen 2 Nopeschlänner hire Loftraum fir Maschinne vum Typ Boeing 737 Max 8 ze spären ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP 495

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwer Fluchsécherheet un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Nodeems bannent 6 Méint zwou Maschinne vum Typ Boeing 737 Max 8 erofgefall sinn, hunn eng Partie Länner decidéiert hirer Loftraum fir dësen Typ vu Fliger ze spären, dorënner och eis Nopeschlänner Däitschland a Frankräich.

An dësem Kontext wollte mir dem Här Minister folgend Froe stellen.

  • Wei ass Positioun vun der lëtzebuerger Regierung op Decisioun vun eisen 2 Nopeschlänner hire Loftraum fir Maschinne vum Typ Boeing 737 Max 8 ze spären ?
  • Wei eng Inzidenzen huet dës Decisioun op Lëtzebuerg ?
  • Ass geplangt, de lëtzebuerger Loftraum och fir dësen Typ vu Fligeren ze spären ?
  • Ginn et Fluchgesellschaften déi de lëtzebuerger Flughafe mat dem uewegenannten Typ vu Fliger ustéieren ? Wa jo – wéi eng ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Gilles Roth                                                                                       Diane Adehm

                                                    Députéiert

Zréck