Wéi ass d’Evolutioun vun de Suiciden an de leschten 10 Joer ? Ginn et detailléiert Statistiken heizou, och wat d’Alterskategorien ugeet ?

D’Äntwert op dës Fro fann der, wann der op dëse Link klickt: QP 319

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Gesondheetsminister weider ze leeden.

Leider schéngt et wéi wann zu Lëtzebuerg an der leschter Zäit d’Unzuel vun de Leit déi sech d’Liewen huelen erëm zougeholl hätt, zemools ënnert de jonke Mënschen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Kann de Minister dës Aussoe bestätegen?
  • Wéi ass d’Evolutioun vun de Suiciden an de leschten 10 Joer ?
  • Ginn et detailléiert Statistiken heizou, och wat d’Alterskategorien ugeet ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck