Weess d’Regierung net, wien geimpft ass, resp. wien eemol a wien zweemol geimpft ass  a wien mat wéi engem Vaccin geimpft ass ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

An de leschten Deeg hunn eng ganz Rei Leit uechter d’Land Invitatioune fir d’Covid-Impfung kritt, mam Opruff sech impfen ze loosse falls een dat nach net wier.

Virun dësem Hannergrond wéilt ech der Madamm Gesondheetsminister folgend Froe stellen:

  1. Firwat goufen dës Bréiwer verschéckt ?
  2. Weess d’Regierung net, wien geimpft ass, resp. wien eemol a wien zweemol geimpft ass  a wien mat wéi engem Vaccin geimpft ass ?
  3. Wann nee, op wéi enger Grondlag ginn d’Bréiwer fir déi drëtt Impfung erausgeschéckt resp. fir eng zweet Impfung wann ee mam Johnson&Johnson Vaccin geimpft ass ?
  4. Wann d’Regierung déi Froe virdru mat jo konnt beäntweren, firwat verschéckt de Santésministère dann esou allgemeng an onkloer Invitatiounen déi zu enger enormer Onsécherheet bei ville Leit féiert ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

 

 

Zréck