Wat wëll d’Regierung géint de “Littering” laanscht d’Stroossen ënnerhuelen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de « Littering » un Madamm Ëmweltministesch, un d’Madamm Inneministesch an un den Här Minister fir Mobilitéit weider ze leeden

D’Uwänner vun de Nationalstroossen an de « Chemin Repris » gesinn ëmmer méi aus wéi Mülldeponien. Et ass eng eenzeg Katastroph wéi respektlos datt verschidden Automobilisten a Camionneure mat Plastiksfläschen, Béierfläschen, Gedrénksbechsen an oft mat Fastfood-, Pabeier- a Plastikstute längs vun dëse Stroossen mat dësem Knascht ëmginn.

Vill Gemengen uechter Land organiséieren an de Méint Mäerz bis Abrëll all Joer Botzaktiounen an hirer Gemeng wou den Dreck op den Uwänner vun de Stroossen agesammelt a geraumt gëtt.

Och Stroossebauverwaltung sammelt Joer fir Joer zeg Tonnen Dreck längs vun den ëffentleche Stroossen. De Phänomen vum « Littering » ass net nei, et ass awer festzestellen datt den « non-respect » ëmmer méi grouss gëtt.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Regierung stellen:

Wat gedenkt d’Regierung a Punkto Sensibiliséierung géint de « Littering » an a Bezuch op e verstäerkte Recycling an Ëmweltschutz z’ënnerhuelen?
Sollt Stroossebauverwaltung net verstäerkt Informatiounspanneaue géint de « Littering » längs vun den Nationalstroossen a « Chemin Repris » opstelle fir op dëse Phänomen opmierksam ze maachen?
Kéinte beispillsweis net och d’Agents municipaux respektiv Garde champêtre Befugnisser an de Gemenge kréie fir ze sanktionéieren?
Sollt d’Strof déi ze bezuelen ass net drastesch an d’Luucht gesat ginn fir géint dësen Ëmweltfrevel anzewierken?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt uzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

 

Zréck