Wat sinn di genee Ursaache vum héije Mortalitéitstaux bei de Kanner ënnert engem Joer ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäitbieden ech lech, des parlamentaresch Fro iwwert Taux de mortalité infantile un den Här Gesondheetsminister weider zeleeden.

 

Laut den Zuele vun Eurostat ass d’Unzuel vun Doudesfäll bei Puppelcher a klenge Kanner zu Lëtzebuerg innerhalb vun 10 Joer vun 1,8 Doudesfäll op 1.000 Gebuerten ob 3,2 Doudesfällop 1.000 Gebuerte geklommen. Op gesamteuropäeschem Niveau ass dës Zuel awer réckleefeg.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här Gesondheetsminister riichten

• Wat sinn di genau Ursaache vun dësem héijeMortalitéitstaux bei de Kanner ënnert engem Joer ?
• Wéi vill Gebuerte sinn all Joers zu Lëtzebuerg zeverzeechnen?
• Hu mir zu Lëtzbuerg genuch Gynekologen an Hierfammenoder gëtt et e Rekrutementsproblem?
• Wann jo, wat gëtt gemaach fir des Beruffer méi attraktiv ze maachen?
• Den Doud vun engem Kand ass ëmmer een traumateschtErliefnes fir d’Elteren, wei gëtt dëse Leit gehollefrespektiv op wei eng Servicer kennen dës Leitzeréckgräifen
Mat déifste Respekt.


 

Martine Hansen​Nancy Arendt

Deputéierten

Zréck