Wat sinn d’Grënn vun der Regierung, fir just nach eng Ligne de Garde fir d’Kannerdoktere virzegesinn a keng méi fir d’Kannerchirurgen?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Wéi aus engem rezente Bréif vu Representante vun der Chirurgie pédiatrique vum Hôpital Kierchbierg un de Chamberpresident ervirgeet, hunn d‘Kannerdokteren an d‘Kannerchirurge Bedenken hisiichtlech dem  Accord aus dem Joer 2022, zu den Dokteschdéngschter tëscht dem Gesondheetsministère an der Féderation des Hôpitaux. Aus dësem Accord geet ervir, dass fir d’Pediatrie de proximité vum HRS-Kierchbierg nëmmen nach eng Ligne de Garde fir d’Kannerdoktere virgesinn ass, a guer keng méi fir d’Kannerchirurgen. Dëst géif heeschen, dass d’Kanner an d’Elteren am Noutfall keng Garantie dofir hätten, dass ee Kannerchirurg bereet steet fir hinnen am spezifesche Fall weiderzehëllefen.

 

An deem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

 

  • Sinn d’Representante vun der Chirurgie pédiatrique am Virfeld zu dësen Erneierungen, déi aus dem Accord vun 2022 ervir ginn, consultéiert ginn?
    • Wa jo, wéi war d‘Resonanz aus dem Secteur?
  • Wat sinn d’Grënn vun der Regierung, fir just nach eng Ligne de Garde fir d’Kannerdoktere virzegesinn a keng méi fir d’Kannerchirurgen?
  • Wéi kann d’Regierung garantéieren, dass duerch dës Ännerungen, deene klenge Patienten nach ëmmer de néidege medezinesche Suivi garantéiert gëtt?
  • Wat fir Repercussiounen huet dës Entscheedung op de Secteur?

 

 

Här President, mir bieden Iech des Froen, mat eisem déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                 Max Hengel                        Claude Wiseler

Deputéiert

Zréck