Wat gouf am leschte Joer gemeet fir d’Verkéierssécherheet ze verbesseren an de Risiko vu Kollisioune mat Beem erof ze setzen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Viru bal genau engem Joer, den 29. Januar 2019 war um Ordre du jour vun der ëffentlecher Sëtzung an der Chamber meng Question élargie iwwer Verkéiersaccidenter bäi deenen et zu enger Kollisioun mat engem Bam komm ass. De Minister huet deemools erkläert datt scho vill Verbesserungen erreecht goufen, an datt och weiderhi géif un der Stroossesécherheet geschafft ginn.

An der Presse vun haut war e Reportage ze héieren, datt obwuel et 2019 manner Verkéiersaffer goufen, d’Association des Victimes de la Route (AVR) nach ëmmer kritiséiert, datt bei Accidenter d’Kollisioun mat Beem oft zu schlëmmere Blessuren oder dem Doud féiert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

Wéi eng konkret Mesurë goufe säit der Diskussioun an der Chamber virun engem Joer ëmgesat?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

 

Zréck