Wat fir Sécherheetsgrënn sinn dofir verantwortlech, dass een net ze Fouss an d’Recyclingszentere vum SIDEC däerf?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Recyclingszenteren un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

An de Recyclingszentere vum SIDEC kann een onsen Informatiounen no aus Sécherheetsgrënn nëmme mat engem Auto säin Offall entsuergen. Domadder kann ee Bierger deen ze Fouss ënnerwee ass, net ouni Weideres säi recycléierten Offall an dem Recyclingszenter ofginn

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Kann d’Ministesch dës Informatioune bestätegen ? A gëllt dës Reegel och fir di aner Offallsyndikater?
  2. Wat fir Sécherheetsgrënn sinn dofir verantwortlech, dass een net ze Fouss däerf an de Recyclingszenter?
  3. Well een dës Praxis an Zukunft maachen? Wann jo wéi eng Mesurë solle geholl ginn a wéini

Här President, mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Laurent Mosar                                                            Paul Galles

Deputéierten                                                              Deputéierten

 

Zréck