Wat fir Mesurë si vun der Regierung geplangt fir d’Ozongrenzwäerter laangfristeg ze reduzéieren?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu den Ozonwäerter d’Madamm Ëmweltministesch, an d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

Duerch d’Klimakriis an de weiderhin extrem héijen Autosverkéier klammen d’Ozonwäerter zu Lëtzebuerg successiv un. An de Summere féiert dat och ëmmer rëm dozou dass d’Grenzwäerter iwwerschratt ginn. Momentan läit de Grenzwäert zu Lëtzebuerg bei 180 Mikrogramm pro Kubikmeter. D’ Weltgesondheetsorganisatioun recommandéiert awer e Grenzwäert vun 120 Mikrogramm pro Kubikmeter. Virun allem Asthmatiker leiden awer ënnert dem Ozon woubäi di héich Konzentratiounen och fir den Normalbierger eng gesondheetlech Gefor duerstellt.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Ministere stellen:

  • Wéi hunn sech d’Mëttelwäerter an d’Spëtze vum Ozon iwwert di leschten 10 Joer a pro Mount entwéckelt?
  • Firwat besteet e signifikanten Ënnerscheed tëschent den Ozon-Grenzwäerter zu Lëtzebuerg an de Recommendatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun?
  • Gesäit d’Regierung eng Gefor fir d’Bevëlkerung duerch di successiv klammend Ozon-Grondbelaaschtung ?
  • Wann jo, wéi wëll een dëser Entwécklung entgéint wierken? Wat fir Mesurë si geplangt fir d’Ozongrenzwäerter laangfristeg ze reduzéieren?

Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel

Paul Galles

 

Zréck