Wat fir Konsequenzen huet den Ausfall vun de Liwwerungen vu Kären a vun Agrarprodukter op d’Lëtzebuerger Ekonomie am Grousse Ganzen an op d’Landwirtschaft am speziellen?

Här President

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Landwirtschaft weiderzeleeden.

Russland, Belarus an d’Ukrain si wichteg Produzenten vun Kären an vun Agrarprodukter. Wéinst dem Krich an der Ukrain sinn Importer aus dësen dräi Länner am Moment net méiglech.

An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un den Här Minister fir Landwirtschaft stellen:

  • Wat fir Konsequenzen huet den Ausfall vun de Liwwerungen op d’Lëtzebuerger Ekonomie am Grousse Ganzen an op d’Landwirtschaft am speziellen?
  • Kënnt et zu Enkpäss bei der Liwwerung vun verschidde Produkter? Wa jo, wat fir Produkter si besonnesch betraff?
  • Wéi gesäit d’Präisentwécklung beim Dünger zu Lëtzebuerg aus?
  • Wat fir Konsequenzen hunn déi méiglech Enkpäss, respektiv Ausfäll op d’Präisentwécklung bei de Liewensmëttel hei zu Lëtzebuerg?
  • Sinn op europäeschen Niveau Mesuren virgesinn, fir dëser Entwécklung entgéint ze wierken?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck