Wat fir eng Positioun vertrëtt de Sportminister zu Bréissel? Wat sinn d’Grënn heifir?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dringend parlamentaresch Fro zu den olympesche Wanterspiller un de Minister fir Sport weider ze leeden.

An deene leschten Deeg hunn eng Rei westlech Natiounen, dorënner d’Vereente Staaten vun Amerika, Australien oder Groussbritannien annoncéiert, dass si di olympesch Wanterspiller vum 4. bis den 20. Februar zu Peking géifen opgrond vun de Mënscherechtsverletzungen a China boykottéieren. Momentan lafen dozou och Diskussiounen innerhalb der EU; bis elo awer ouni Resultat vue dass et verschidde Positioune ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wat fir eng Positioun vertrëtt de Sportminister zu Bréissel? Wat sinn d’Grënn heifir?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt ép. Kemp

Deputéierten

Zréck