Wat bedeit den CO2-Accord tëschent dem Europaparlament an dem Ministerrot konkret fir Lëtzebuerg?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Den 10. November sinn sech d’Europaparlament an de Ministerrot virleefeg eens ginn, fir den Netto-Ofbau vun CO2 duerch natierlech Senken (puits naturels) bis 2030 op 310 Milliounen Tonnen CO2-Equivalenter eropzesetzen, dat virum Hannergrond vum Ziel vun der Klimaneutralitéit an der EU bis 2050. Wéi d’EU-Kommissioun an hirem Kommunikee vum 11. November matdeelt, sinn d’EU-Länner dowéinst elo ugehalen, hir national Strategiepläng am Kader vun der Gemeinsamer Agrarpolitik unzepassen. An deem Kontext wollte mir folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

  • Wat bedeit dësen Accord tëschent dem Europaparlament an dem Ministerrot konkret fir Lëtzebuerg?
  • Muss de nationalen Strategieplang wéinst dem Accord elo ugepasst ginn?
    • Wa jo, wat wäert sech änneren?
    • Wa jo, huet dat och Auswierkungen op dat neit Agrargesetz, dat am Moment ausgeschafft gëtt?

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Octavie Modert

Martine Hansen

Zréck