Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.
Esou wéi de Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte matgedeelt huet, funktionéiert de Park and Ride “Héienhaff” um Sennengerbierg, ewéi eng Rei aner Parkingen am Land, iwwert de System vun der “P+R CFL” App. Fir d’Notzer vun der App ass de Parking fir 24 Stonne gratis, falls si sech nodeems se geparkt hunn op Mannst 1,5 Kilometer vum Parking fort beweegen. Fir Leit, déi de Parking ouni dës App notzen, applizéiert sech een Tarif, dee méi deier ass ewéi dee sou genannte “Kiss and Fly” Parking um Findel. Fir dee Parking applizéiert sech, laut der Bedreiwergesellschaft, no den éischte 15 Gratisminutten een Tarif vun 2,70€ pro 15 Minutten, een Dagestarif vun 71,40€ an ee Wochentarif vun 247,80€. Mir gouf bericht, datt eng Rei Leit de P+R Héienhaff benotzt hunn, fir op gréisser Veranstaltungen an der Stad ze goen, an, well si net vertraut mam System vun der P+R CFL App sinn, duerno eng gepeffert Rechnung fir hire Parking kruten. Laut deene Leit war et vun der Beschëlderung hir och net direkt ersiichtlech, wéi vill dee Parking géif kaschten, wann een en ouni déi App géif benotzen.
An deem Kontext wollt ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte stellen:
- Wat ass den Tarif vum P+R Héienhaff, wann een en ouni P+R CFL App notzt?
- Wisou gëtt esou een héijen Tarif applizéiert?
- Wéi ass den Tarif um Parking beschëldert a wat gëtt ënnerholl fir d’Beschëlderung vum Tarif ze verbesseren?
- Wéi vill Leit hunn d’P+R CFL App op hirem Smartphone?
- Wéi vill Leit benotzen déi App am Schnëtt pro Dag?
- Wéini gouf déi lescht Evaluatioun vum P+R System vun der CFL gemaach, a wéi eng Verbesserungsméiglechkeete goufe festgestallt?
- Wat gëtt ënnerholl fir d’P+R CFL App méi bekannt ze maachen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Ricardo Marques
Députéierten
Zréck