Wat ass den aktuelle Stand a wéi gesäit den Zäitplang fir zäregasneutral Administratiounen aus?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zu klimaneutrale Verwaltungen un d‘Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Virun engem Joer hat ech eng Question élargie un d’Madamm Ëmweltministesch zu dem Thema gestallt fir gewuer ze ginn, wat d’ëffentlech Hand ka maache fir senger Virbildroll, di se am Klimaschutz sollt anhuelen, besser gerecht ze ginn. An dësem Kontext gouf och eng Motioun ugeholl di d’Regierung opfuerdert ons Verwaltunge bis 2040 klimaneutral ze maachen.

 

An deem Kontext wéilt ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Wat ass den aktuelle Stand a wéi gesäit den Zäitplang fir zäregasneutral Administratiounen aus?
  2. Wéi kommen d’Aarbechten zum ugekënnegte Leitfaden als Hëllef fir d’Verwaltunge virun? Wéini soll dëse publizéiert ginn?
  3. Wéi huet sech de Fuerpark an deem leschte Joer entwéckelt? Wéi vill Auto’en mat Verbrennungsmotor, E-Motor, Hybrid a Plug-in Hybrid goufen an deem leschte Joer ausgeschriwwen a wéi huet sech dat par Rapport zum virleschte Joer entwéckelt? Wéi geseit de Planing fir déi next Joren aus?  Gëtt et mëttlerweil en internt Reglement dat de Kaf vun engem E-Auto favoriséiert?
  4. Konnt den Energieverbrauch vun den ëffentleche Gebaier an deem leschte Joer gedrosselt ginn? Wann jo em wéi vill Prozent? Gëtt et e Renovéierungsplang fir di ëffentlech Gebaier? Wéi vill Staatsgebaier goufen am leschte Joer renovéiert? Wéivill Gebaier (prozentzuel) kruute mëttlerweil en EMAS-Zertifikat ausgestallt? Wéivill Gebaier mussen nach renovéiert ginn, fir energiekonform ze ginn?
  5. Op wéi villen ëffentleche Gebaier kann eng Fotovoltaikanlag installéiert ginn? Wéivill Gebaier goufen d’lescht Joer mat enger PV-Anlag ausgerëscht a wéi gesäit de konkreten Zäitplang bis 2025 aus?
  6. Wéi huet sech den Energieverbrauch bei der Informatiouns- an d‘Kommunikatiounstechnik vum Staat entwéckelt? Wéi well een zum Beispill staatlech Datenzentren an Zukunft klimaneutral kréien?
  7. Bei wéi villen ëffentlech Gebaier gouf eng Chargy-Statioun installéiert? Wéi gesäit hei den Zäitplang fir di nächst Joren aus?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Deputéierten

Zréck