Wat ass bei der Consultation publique iwwert d’Schutzzonen rondrëm de Séi vun der Uewersauer eraus komm ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit biede mir Iech dës parlamentaresch Fro iwwert Schutzzone ronderëm de Séi vun der Uewersauer un Madame Minister fir Ëmwelt an un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

De Projet de règlement grand-ducal fir d’Fixéiere vun de Schutzzone ronderëm de Séi vun der Uewersauer ass den 15. September 2018 an Consultation publique gaangen.

An dësem Kontext wëlle mir de Ministere folgend Froe stellen:

·         Wéi vill Reklamatioune sinn zum Projet de règlement grand-ducal vun de Bierger aus de sechs betraffene Gemengen ronderëm de Séi erakomm ?

·         Wéi ginn dës Reklamatioune behandelt?

·         Consultéiert de Ministère nach eng Kéier dei sechs Gemengen ronderëm de Stau respektiv de Naturpark zu dese Reklamatioune bevir den definitiven Text am Regierungsrot finaliséiert gëtt?

De 7. Juli 2018 ass d‘Landwirtschaftskummer vum Regierungsrot ëm hiren Avis zum avant-projet de règlement grand-ducal gefrot ginn. Landwirtschaftskummer huet rezent en ganz elaboréierten Avis zu dëse Waasserschutzzonen ofginn. An deem Avis ass ze liesen, dass eng vun engem däitschen Etude-Bureau « IWW » erstallten Dokumentatioun iwwert Ofgrenze vun de Schutzzone ronderëm de Séi vun der Uewersauer detailléiert an aktuell Informatiounen iwwert Waasserqualitéit vun de verschiddenen Zouflëss vum Stauséi geliwwert huet.

D’Landwirtschaftskummer regrettéiert an hirem Avis, dass « les auteurs du dossier « IWW » n’ont pas osé relever le défi d’effectuer une analyse quantitative (du moins sommaire) des apports en éléments nutritifs en ce qui concerne leurs origines. »

Dowéinst wëlle mir de Ministère folgend Froe stellen:

·         Ass eng wëssenschaftlech  “analyse quantitative” gemaach ginn iwwert  “origine des apports en elements nutritifs”? Wann jo – wat sinn Resultater? Wann neen – firwat ass keng Analyse gmaacht ginn?

Laut Avis vun der Landwirtschaftskummer recommandéieren d’ Auteure vum Dossier „IWW“  am Zesummenhang mat de Problemer vun de Cyanobakterien an de Blo-Algen, dass d’ Sedimenter, déi sech bei der Misärsbréck zënter 1961 ugesammelt hunn (laut „IWW“ 35.000t) solle fort geholl ginn. Dës Sedimenter wieren eng enorm Quell vu Phosphor, dee mat responsabel ass fir d‘Enstoën am Summer vu Bloalgen am Waasser.

·         Kënne d‘Ministere bestätegen datt des Sedimenter eng enorm Quell vu Phosphor duerstellen?

·         Wéi reagéiert de Ministère op d’ Recommandatioun vum däitschen Etude-Bureau betreffend Problematik vun de Sedimenter bei der Misärsbréck?

·         Wier et lo am Kader vum Niddregwaasser net opportun kuerzfristeg dës Problematik unzegoën an een Deel vun de Sedimenter ofzedroën?

Martine Hansen                                            

Marco Schank

Députéiert

 

 

Zréck