Wann nei Betriber, respektiv onofhängeg Beruffer an de Gemengen hir Dieren opmaachen oder sech néierloossen, esou ginn d’Gemengeresponsabel net forcement eppes dovu gewuer: Deelt d’Regierung d’Meenung datt et sënnvoll wier datt nei Betriber sech op der Gemeng mussen umellen? Wann nee, aus wat fir engem Grond? Wa jo, gedenkt d’Regierung séier déi noutwendeg Schrëtt an d’Weeër ze leeden?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Inneminister, den Här Minister fir d’Ekonomie an den Här Minister fir de Mëttelstand weider ze leeden.

Wann nei Betriber, respektiv onofhängeg Beruffer an de Gemengen hir Dieren opmaachen oder sech néierloossen, esou ginn d’Gemengeresponsabel net forcement eppes dovu gewuer.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Deelt d’Regierung d’Meenung datt et sënnvoll wier datt nei Betriber sech op der Gemeng mussen umellen?
  • Wann nee, aus wat fir engem Grond?
  • Wa jo, gedenkt d’Regierung séier déi noutwendeg Schrëtt an d’Weeër ze leeden?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch                           Léon Gloden

Deputéiert                                                      Deputéierten

Zréck